Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural du Grand-Duché de Luxembourg
  Recherche
 x Recherche avancée
  Accueil | Nouveautés | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> Accueil > Actualités > Discours > 2014 > Juillet 2014 > Discours de Monsieur le Ministre Fernand Etgen dans le cadre de la conférence de presse « Domaines Vinsmoselle goes BIO »

Discours de Monsieur le Ministre Fernand Etgen dans le cadre de la conférence de presse « Domaines Vinsmoselle goes BIO »
01-07-2014

Vers le niveau supérieur

De Biowaibau zu Lëtzebuerg huet mëttlerweil mat Secherheet seng Plaaz op der Lëtzebuerger Musel fonnt. Virun allem an Zaiten wou de Konsument d’Produkter ganz genau ënner d’Lupe hëllt an oft bewosst op biologesch hiirgestallten Iesswueren zréckgréift, gewënnt domat och den Secteur vum Biowaïbau vill un Bedaitung.

De Grondsteen fir de Biowaibau zu Lëtzebuerg gouf mam “Canecher Wéngertsbierg“ am Joër 1995 geluecht. Hei goufen aal Wéngerten mat Dréchemaueren duerch Natur an Vulleschutzliga gerett an vun Ufank un ökologesch bewirtschaft.

An de Joeren duerno sin d’Bioflächen lues awer secher geklommen. Am Joër 2014 bewirtschaften baal 12 zertifizéiert Betrieber eng Fläch vun 35 Hektar.

De Biowaibau huet et net emmer einfach an muss sech konstant neien Erausfuerderungen stellen. Déi natiirlech hiirgestallt Pflanzenschutz- an Pflanzenstärkungsmëttelen erfuerderen en groussen Know-How an der Ausbréngung, well se jo all nëmmen eng präventiv Wirkung hun.

Am Joër 2001 huet den Institut viti-vinicole ugefaangen verschidde biologesch Verfahren méi intensiv ze duerchfuerschen. D‘biotechnesch Bekämpfung vum Traubenwickler gouf schon Enn vun den 80er Joeren hei am Versuch getest. Seit 2011 verfügt den IVV iwwer eng komplett Beordungsschinn fir den biologeschen Waibau an d’Versich goufen nach ausgeweiht. Hei sin virun allem den ökologeschen Pflanzenschutzversuch mëttels Helikopter an den Versuchsubau an –ausbau vun den neien pilzresistenten Sorten (PIWIS) erfir ze hiewen. Mee virun allem hun mir op de Lëtzeboier Musel d’Chance fir eng erfahren Bio-Beroderin vun der IBLA (Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur) an der Persoun vum Annett Rosenberger ze hun. Si stellt eisen Biowënzer hiren ganzen internationalen Know-How zu Verfügung an huet och bei der Entstehung vum Biowéngert zu Laser aktiv matgehollef.

An domat kommen mir schon zum eigentlechen Thema vun haut. De Remembrement zu Laser ass een wonnerschéint Beispill dofir, wéi een d’Natur an de Waibau argerecht kombinéieren kann. Dese Remembrement Plang gouf vun der Gemeng Mertert-Wasserbëlleg am Joër 2004 beim ONR beantragt. Ziel war et fir déi aal Wéngertsbroochen vum Laserbann innerhalb vun engem Gebidd mat circa 50 Hektar ze restauréieren an enger neier Bestëmmung ze ennerleen. Den gréissten Deel vun deene 50 ha waren verwildert an verbuscht. Et stoungen just nach vereenzelt Wéngerten do. Ziel vum Staat an vun der Gemeng Mertert war et also des interessant Laag rem opzewerten an d’Nordentrée vun der Musel méi attraktiv fir den Tourismus ze maachen. Glaichzaiteg war et eng Chance fir déi aal Drechemaueren ze retten andeems se rem mat Wéngerten bewirtschaftet solle gin. Niewend den bestehenden Wéngerten goufen nei Wéngerten ugeplanzt. Well des Wëngerten Deel vum Natura 2000 Habitat Ennersauerdall sin, gouf et am Ufank eng rei Konflikter waat de Waibau an engem Naturschutzgebidd betrëfft. Des Divergencen konnten awer geléist gin mat der Oplaag an den Secteuren Härebierg an Rousebieg exklusiv ökologëschen Waibau op enger Fläche vun 5 ha ze bedreiwen. Domat war eng Bewirtschaftung ganz am Sënn vun der Biodiversitéit an dem Naturschutz erfëllt. Den ONR huet déi brachleiend Hiwwelen mat Penten teschent 50 an 70% mat Mini-terrassen duerchzunn, déi sech optimal an d’Formatioun vum Muschelkalksteen intégréieren konnten. Heimat ass an engems eng räsonabal Bewirtschaftung fir d’Wënzer garantéiert. Duerch déi generell Begrünung vun den Plattformen an den Böschungen ass am Sënn vum Natura Gebidd eng optimal Biotopenvernetzung garantéiert. D‘Biodiversitéit get mat Hëllef vun Ausgleichsflächen mat extensiver Beweidung duerch Geessen erhaalen. Déi zesummenhängend Gebidder vum Härebierg an Rousebierg maachen also 5 Hektar Biofläch aus.

D’Vinsmoselle huet sech vun Ufank un um Projet intresséiert an hir Wënzer bewirtschaften och den gréissten Deel vun de Wéngerten.

Den Projet Laser gouf 2011 ageweiht an am selwechten Joër déi éischt Riewen gepflanzt. Elo können sech Domaines Vinsmoselle freen déi éischt Bio Drauwen während der diesjähreger Drauwelies ze ernten.

photo biowengerten vinsmoselle 1

photo biowengerten vinsmoselle 2



Haut de page

Copyright ©2012Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs  Aspects légaux | Contact