Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural du Grand-Duché de Luxembourg
  Recherche
 x Recherche avancée
  Accueil | Nouveautés | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> Accueil > Actualités > Communiqués > 01 > AntiGaspi Woch vum 13 – 17 November 2017

AntiGaspi Woch vum 13 – 17 November 2017
13-11-2017

Vers le niveau supérieur

“Zesummen géint Liewensmëttelverschwendung”: Dat ass ee vun de groussen Defien vu muer! An dofir wäert den Ministère zoustänneg fir den Konsumenteschutz, och dëst Joer mat der Campagne, déi d’lescht Joer am Hierscht lancéiert gouf, virufueren.

1/3 vun de Liewensmëttel déi weltwäit produzéiert ginn, ginn ewech geheit, gläichzäiteg leiden awer nach ëmmer bal 1 Mia Leit op der Welt un Honger. Dat dierf een net einfach hinhuelen, net um etheschen, awer och net um ekologeschen an och net um ekonomeschen Plang! Genee dat ass och de Grond firwat den Minister Fernand Etgen un der Campagne “Zesummen géint Liewensmëttelverschwendung” festhält a weider wäert sensibiliséieren fir d’Leit dozou ze beweegen méi responsabel Konsumente ze ginn.

An der Reduktioun vun der Liewensmëttelverschwendung spillen d’Konsumenten nämlech eng Schlësselroll. Fir 42% vum Verbëtzen sinn d’Haushalter verantwortlech !

Et sinn effektiv d’Privatstéit déi am meeschten verbëtzen mat an der europäescher Moyenne 180 kg op de Kapp pro Joer. Zu Lëtzebuerg verschwent jiddereen 340gr Liewensmëttel den Dag, wann der iech dat emol virstellt: dat sinn 3 gefëllten Drecksween pro Dag hei zu Lëtzebuerg.

2050 si mer zu 9 Milliarden op dëser Welt, an d ‘Fro déi sech stellt ass: Wéi kréien mer déi Leit alleguerten erniert , an zwar op eng responsabel Aart a Weis! Dat heescht et geet net einfach dorëms Bëscher ofzeholzen fir méi Notzflächen ze kréien an esou d ‘Produktioun blannemännches ze steigeren.
Ganz am Contraire ! Et geet drëms eis natierlech Ressourcen ze schounen an dat kenne mer ënner anerem maachen wann mer d’Liewensmëttelverschwendung drastesch reduzéiert kréien.

Dat geet nëmmen wann mer partnerschaftlech zesummeschaffen. Mir mussen do den Hiewel op verschidden Niveau ‘en usetzen: vun der Produktioun, iwwert d’ Transformatioun , d’Distributioun, bis hin zur Restauratioun an natierlech och bei de Konsumenten. Well et sinn d’Konsumenten déi am meeschten verbëtzen.

Mir mussen nees leieren de Wäert vun den landwiertschaftlechen Produkter ze schätzen, an déi ganz Aarbecht déi derhannert steet ze respektéieren.

“Nëmmen duerch d ‘Bewosstsinn kenne mer léieren manner ze verschwenden. Wa jiddereen säin Verhalen och nëmmen bëssen ännert, kënnen mer ZESUMMEN Grousses bewierken”, esou den Minister Fernand Etgen.


 Pour en savoir plus ... Pour en savoir plus ...
   Liens externes
  * Antigaspi.lu

Haut de page

Copyright ©2012Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs  Aspects légaux | Contact