Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural du Grand-Duché de Luxembourg
  Recherche
 x Recherche avancée
  Accueil | Nouveautés | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> Accueil > Actualités > Communiqués > 01 > Drauwelies 2017 – trotz staarkem Ernteausfall eng excellent Qualitéit!¶

Drauwelies 2017 – trotz staarkem Ernteausfall eng excellent Qualitéit!¶
22-09-2017

Vers le niveau supérieur


10 (2)

2017 ass en aussergewéinlech fréit Wäijoer. D’Drauwen hunn den 2.August ugefaangen zeideg ze ginn, 15 Deeg méi fréi wéi an normale Joren. A verschiddene Wéngerte laanscht Musel hate souguer d’Pinot’s Zorte schonns Enn August iwwer 70 Oechsle erreecht.

2017 ass keen einfacht Wäijoer. Besonnesch de Fréijoersfrascht am Abrëll, de Reen-Defizit am Ufank vum Summer an déi staark Nidderschléi d‘lëscht Woch hunn d’Wënzer viru grouss Erausfuerderunge gestallt.

D’Qualitéit wäert awer, trotz staarkem Ernteausfall, esou si wéi an de leschte Joren, nämlech exzellent!

Schold un d5em Ausfall ass dëst Joer haaptsächlech de Fréijoersfrascht. Wann een op déi leschte Joren zeréckkuckt, muss ee feststellen, dat d’Wiederkapriolen mëttlerweil éischter d’Reegel wéi d’Ausnam sinn. Heivunner ass net nëmmen de Wäibau betraff, mä och déi aner Secteure vun der Landwirtschaft. D’Regierung ass sech dëser schwiereger Situatioun bewosst. Dofir si Moossnamen ergraff gi fir den Afloss vum Wieder op d‘ekonomesch Situatioun vun eise Betriber ofzefiederen.

Déi éischt Moossnam besteet an enger finanziell Bäihëllef fir d’Primë vun Ernteausfall-Versécherungen. Des Bäihëllef gouf vu 50% op 65% eropgesat esou dat sech och déi méi finanzschwaach Betriber des Versécherunge leeschte kënnen.

Déi zweet Moossnam huet d’Regierung am Steierberäich geholl. De Wënzer schafft mat der Natur, a séin Akommes variéiert mat de Laune vun der Natur. Duerch déi nei Steierreform kënne finanziell gutt Jore mat finanziell manner gudde Jore kompenséiert ginn.

D’Aarbecht am Wéngert ass eng Saisonsaarbecht. Aarbechtspëtze besti virun allem während der Drauwelies mä och am Summer. Vir des Aarbechtsspëtzen ze meeschteren ass de Wënzer op Saisonsaarbechter aus dem In- an Ausland ugewisen. Jidderee weess, datt d’Gestioun vum Personal opwenneg ass. Dofir huet d’Regierung déi noutwenneg administrativ Demarchë fir Saisonsaarbechte wesentlech vereinfacht.

8


 Pour en savoir plus ... Pour en savoir plus ...
   Liens internes
  * Discours de M. le Ministre Fernand Etgen

Haut de page

Copyright ©2012Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs  Aspects légaux | Contact