|
Bei Geleeënheet vun den Feierlechkeete fir Nationalfeierdag huet den Minister Fernand Etgen enger ganzer Partie Bierger ëffentlech Merci gesot a si fir hir Déngschter fir d‘Allgemengheet am Numm vum Grand-Duc Henri ausgezeechent.

Ee Staat, ee Ministère, eng Verwaltung, ee Berufsstand lieft vu senger Solidaritéit, lieft vum Interesse dat mer uneneen hunn, an der Verantwortung déi mer fireneen iwwerhuelen, esou den Minister deen dat exemplarescht Engagement vu senge Beamten awer och vu villen Eierenamtlechen ervirgehuewen huet.
|