Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural du Grand-Duché de Luxembourg
  Recherche
 x Recherche avancée
  Accueil | Nouveautés | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> Accueil > Actualités > Communiqués > Aout 2008 > Législation chiens: Questions et réponses

Législation chiens: Questions et réponses
06-08-2008

Vers le niveau supérieur

Äntwerten op Froën zum neien lëtzebuerger Hondsgesetz

Informatiounsversammlung MMM vum 8. Juli 2008

Wann ech elo schon mat mengem Hond (Lëschtenhond) eng Begleithundeprüfung ofgeluecht hun, muss ech dann awer nach 12 Stonnen Theorie an 24 Stonnen Dressage mat mengem Hond maachen?

Am Fall wou en Hond schonn eng "Begleithundeprüfung" gemaach huet, déi héchstens 3 Joer zréck läit, respektiv den Détenteur schonn eng theoretesch Formatioun gemaach huet, ginn dës unerkannt. An dësem Fall ass beim Umellen vum Hond op der Gemeng en entsprechenden Beleg vun der Hondsschoul respektiv vum jeeweilegen theoreteschen Seminar virzeleeën.

Wann ech mat mengem Hond (Lëschtenhond) am Ausland e "Wesenstest" gemaach hunn, gëtt deen hei zu Lëtzebuerg unerkannt?
Neen, hei am Land si keng Wesenstester virgesinn, een Hond deen am Ausland de Wesenstest bestan huet muss awer nach séng 24 Stonnen Dressage maachen.

Wat maachen ech mat engem alen, kranken Hond (Lëschtenhond), deen psychesch an gesondheetlech net méi "à même" ass den Dressage ze absolvéieren?

An dësem Fall muss eng Demande un d’Veterinärinspektioun gemaach ginn, ënnerluecht mat engem Zertifikat vum behandelnde Veterinär dee bescheinegt, dass den Hond gesondheetlech net apte ass fir den "Dressage" ze absolvéieren. Da kann dësen Hond, no enger Kontroll vun der Veterinärinspektioun, eng Dispens vum "Dressage" kréien.

Den "Détenteur" vum Hond (Lëschtenhond) muss verschidden Konditiounen erfëllen (volljähreg sinn, ee casier vierge hunn, 12 Stonnen Theorie mat Ofschlossexamen absolvéiert hunn). Wien ass elo vum Gesetz mat "Détenteur" gemengt, den Propriétär vum Hond oder deejéinegen deen sech mam Hond op der voie publique befënd?

Een Détenteur vun ëngem Hond ass déi Persoun:
- déi den Hond ugemellt huet,
- déi déi theoretesch Couren absolvéiert huet,
- déi mam Hond eng Hondschoul besicht huet,
- déi volljähreg ass an
- déi ee "casier vierge" huet.
Den Détenteur ass an deem Sënn de Proprietär vum Hond.

Muss jidderen deen mam Hond (Lëschtenhond) spazéiere geet déi theoretesch an déi praktesch Formatioun maachen oder nemmen den Proprietär?

D’Gesetz gesäit fir, dass den Détenteur vun engem Lëschtenhond dës Formatiounen muss maachen.
Eng aner Persoun däerf just mat engem Lëschtenhond (un der Lengt) spazéiere goen wa si volljähreg ass an ee casier vierge huet.
Et ass awer ze recommandéieren, dass all déi Léit déi mat engem Lëschtenhond spazéiere wëllen goen déi theoretesch an déi praktesch Formatioun maachen.

Wat fir eng Konditiounen mussen d’Hondspensiounen erfëllen fir Lëschtenhënn kënnen opzehuelen ?

Déi Léit, déi eng Hondspensioun hunn, mussen natiirlechvolljähreg sinn an ee casier vierge hunn.
Et ass ze recommandéieren, dass déi Leit eng theoretesch Formatioun maachen.

Ginn déi agreeéiert Hondsschoulen och vun der Veterinärinspektioun reegelméisseg kontrolléiert, fir sécher ze stellen, dass hir Aarbechtsmethoden conforme zum Déiereschutzgesetz sinn an fir ze ënnerbannen, dass mat Pickecollier an Teletakt (Stromreizgerät) geschafft gëtt ?

Jo, dës Hondsschoulen gi reegelméisseg vun der Veterinärinspektioun kontrolléiert.
Aus Déiereschutzursaache sinn esou Instrumenter net erlaabt

Wat muss ech maachen wann ech mir gäeren en Lëschtenhond zouleeën; aus dem Déierenasyl oder vun engem lëtzebuerger Ziichter oder aus dem Ausland?

Et muss een eng Demande maachen un de Landwirtschaftsminister.
D’Autorisatioun kritt een eréischt wann een eng theoretesch Formatioun gemaach huet.
Am Fall wou een elo ee Lëschtenhond wëll kafen an et awer nach net méiglech ass eng theoretesch Formatioun ofgeschloss ze hunn, kann deejeenegen awer schonn eng Demande un den Landwirtschaftsminister maachen. Déi Persoun kritt dann eng provisoresch Autorisatioun an huet dann Zäit bis zum Enn vun der Iwwergangsperiod vun 9 Méint, also bis den 28. Februar 2009, fir déi theoretesch Formatioun ofzeschléissen.

Wat geschitt wann een Hond (Lëschtenhond) säin Test net besteet?

An deem Fall muss den Hond nach zousätzlech Cour’en maachen an sech dem Test nach ëng Keier stellen.

Kann och een Vetérinär aus dem direkten Grenzgebidd den Certificat ausstellen deen d'Gesetz virschreift?

Jo.

Op der Rasselëscht ass ënner anerem opgezielt, "les chiens de race Mastiff". Dëst ass laut FCI eng Race fir sech (English Mastiff) an net ze verwiesselen mam American Mastiff, dem Spanish Mastiff, dem Neapolitan Mastiff an dem Tibetan Mastiff, etc.
Ass deemno nëmmen den English Mastiff als Lëschtenhond ze gesinn?

Jo, American, Spanish, Neapolitan an Tibetan Mastiff, etc., stinn zu Lëtzebuerg net op der Lëscht.

Wat geschitt wann ech als Lëschtenhond-Besëtzer refuséieren déi theoretesch an praktesch Cours’en ze absolvéieren?

Dann ass déi Persoun net konform zum Gesetz an gëtt sanktionnéiert. (z.b. vun enger Amende bis hin zur Confiscatioun vum Hond)

Wéi laang ass eng Tollwutimpfung gülteg?

Eng Tollwutimpfung ass sou laang gülteg wéi de Produzent vum Impfstoff ugëtt dass se wierksam ass. Wann de Produzent also eng Wierksamkeet vun 3 Joër ugëtt, dann ass déi Impfung och 3 Joër gülteg, muss allerdéngs och sou vum Veterinär an den Impfpass agedro ginn.
Dës Reegelung gëllt a ganz Europa, baséiert op enger EU-Directive, an et ass net verlaangt, wann een säin Hond mat an d’EU-Ausland hëlt, dass all 12 Méint geimpft gëtt.

Wat fir Conditiounen mussen Touristen erfëllen déi mat engem Lëschtenhond op Lëtzebuerg kommen ?

Déi Leit mussen volljähreg sin, een Dokument (ausgestallt vun hierem Pays d’origine) bei sech hun daat bestätegt dass sie Besëtzer vun ëngem Lëschtenhonn däerfen sinn an hieren Hond ëmmer un der Léngt haalen.

Wat fir Conditiounen mussen auslännesch Ziichter erfëllen déi mat engem Lëschtenhond kuerz op Lëtzebuerg bei en Ziichter kommen (Deckakt) ?

Déi Leit mussen volljähreg sin, een Dokument (ausgestallt vun hierem Pays d’origine) bei sech hun daat bestätegt dass sie Besëtzer vun ëngem Lëschtenhond däerfen sinn an hieren Hond ëmmer un der Léngt haalen.

Wat fir Conditiounen mussen auslännesch Ziichter erfëllen déi mat engem Lëschtenhond zu Lëtzebuerg un enger Hondsausstellung deelhuelen ?

Déi Leit mussen volljähreg sin an een Dokument bei sech hun daat bestätegt dass sie Besëtzer vun ëngem Lëschtenhonn däerfen sinn. Fir dës Hënn gëllt permanenten Leinenzwang.

Wat fir Conditiounen mussen auslännesch Lëschtenhond-Besëtzer erfëllen wann se zu Lëtzebuerg un engem internationalen Concours wëllen deelhuelen ?

Déi Leit mussen volljähreg sin, een Dokument bei sech hun daat bestätegt dass sie Besëtzer vun ëngem Lëschtenhonn däerfen sinn an hieren Hond ëmmer un der Léngt haalen, ausser während enger épreuve sportive.

Wou ginn ech gewuer bei wéi engem Vetérinär ech déi 12 Stonnen Theorie kann maachen, respektiv bei wéi enger Hondsschoul ech den prakteschen Deel kann maachen?

Op der Homepage vum Landwirtschaftsministär (http://www.ma.public.lu/) gëtt esou séier wéi méiglech eng Lëscht mat den unerkannten Vetérinären an och vun den unerkannten Hondsschoulen publizéiert an reegelméisseg à jour gesat.

Wivill kaschten déi 12 Stonnen Theorie ?

D’Käschten vun dësen Couren belaafen sech op ongeféier 200 €.

Kann ech mat engem Hond deen de prakteschen Deel net gepackt huet, den Test nach eng Kéier (respektiv e puer Kéieren) maachen ?

Jo, et kann een sech dem Test mat séngem Hond e puer mol stellen.

Am Gesetz geet Rieds vun engem "expert en cynotechnie" deen Member vum Jury ass deen jugéiert ob een Hond den Test gepackt huet oder net. Wat ass ënnert deem Begrëff genau ze verstoën? Wéi eng Formatioun muss esou een expert en cynotechnie virweise kënnen?

Een expert en cynotechnie ass eng Persoun déi speziell Kenntnisser iwwert d’Verhaalen vun den Hënn huet an déi ka jugéieren, ob den dressage vun ëngem Hond den Ufuederungen entsprecht. Dës Persounen hunn och eng speziell Formatioun gemaach.

Wann mäin Hond, no enger Plainte, als aggressiv agestuuft ginn ass, wou a wéi kann ech géint dës Décisioun Appel maachen.

D’Décisioun vum Direkter vun der Veterinärinspektioun ass eng "décision administrative" géint déi ee kann bäim Verwaltungsgeriicht eng Klo areechen.

Ob Grond vun enger Plainte géint mäin Hond kann et dozou kommen, dass een Vetérinär sech mäin Hond ukucken kënnt fir ze jugéieren ob den Hond wierklech aggressiv ass oder net. No wéi enge Kriterien gëtt d'Agressivitéit vun den Hënn jugéiert?

D’Veterinäre kënnen d’Agressivität vun engem Hond vu Fall zu Fall feststellen.

Wéi ass et mam Verbued fir Lëschtenhënn a Geschäfter ze verkafen?

Hënn däerfen just vum Ziichter oder vum autoriséierten Händler verkaaft ginn. Et gëtt hei keng Extrareegelung fir Lëschtenhënn.

Leit, déi e Welpenmischling kréien, wëssen net onbedéngt wat fir eng Rass hieren Hond ass an erkennen meeschtens och net dass se en Lëschtenhond kruten. Si hunn awer da keng Autorisatioun fir dësen Mupp ze halen, well si hunn kee Cours a keng Autorisatioun. Kréien déi Leit hiere Mupp ewechgeholl oder kënne si nodréiglech d'Autorisatioun froen.

Wann ee Vetérinär beim Ausfëllen vum Certificat feststellt, dass de Welpenmischling ee Lëschtenhond ass, da muss den Détenteur natiirlech eng Autorisatioun fir den Hond ufroen an déi theoretesch an praktesch Cour’en absolvéieren.

____________________________



Haut de page

Copyright ©2012Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs  Aspects légaux | Contact